D'Marie-Helene Gauthier gouf den 12. September 1961 zu Pierrefonds, bei Montreal, an der franséischsproocheger Provënz Québec gebuer. Dem Mylene Farmer säi Papp ass en Ingenieur, hien huet Staudämm a Kanada gebaut. Mat hire véier Kanner (Brigitte, Michel a Jean-Loup) ass d'Famill zréck a Frankräich wéi d'Mylène 10 Joer al war. Si hu sech an de Banlieue vu Paräis, zu Ville-d'Avre, niddergelooss. […]