1976 gouf zu Hamburg eng Grupp gegrënnt. Am Ufank gouf et Granit Hearts genannt. D'Band bestoung aus dem Rolf Kasparek (Sänger, Gittarist), Uwe Bendig (Gittarist), Michael Hofmann (Drummer) a Jörg Schwarz (Bassist). Zwee Joer méi spéit huet d'Band decidéiert de Bassist an Drummer duerch Matthias Kaufmann an Hasch ze ersetzen. 1979 hunn d'Museker decidéiert den Numm vun der Band op Running Wild z'änneren. […]